Wou ass hei den Noutausgang?
Generatioune vu Lëtzebuerger si fest dervunn iwwerzeecht, datt de Wuelstand an der Verfassung steet an datt mir eng Vollkasko op eise Liewesstandard hunn.
Wat heescht fir eis da scho Kris, wann de Benzin méi bëlleg gëtt an de Leetzëns an de Keller fällt?
D’Schrottprime huet aus eise Stauë fir an d’Stad dee schéinste Blechdeefilee aus der ganzer Groussregioun gemaach.
Mee wat geschitt nom offiziellen Enn vun der Kris? Kënne mir eise Suën et nach zoumudden fir bei de Steieren ze ennegen. Sinn eis Pensioune wierklech nach garantéiert, o
Kann de J.-C. Juncker, deen déi lescht Walen net mat engem optimistesche "Yes I can", mee mat engem motzege "Jo ech muss" gewonnen huet, eis nach retten?
E Vollék, dat eng Vullen- an eng Schwéngsgripp iwwerlieft, iwwerlieft och eng Honds- an eng Kazegripp!
Mee wat ass, wann et emol net sou gutt ausgeet? Gëtt et e Plang B?
A wann net? Wou ass hei den Noutausgang?
Doriwwer mécht d’Peffermill(ch)e sech an hirem neie Kabaretsprogramm hir Gedanken an huet och schonn hannert d’Dir vum Noutausgang gekuckt.
Et spillen: Patricia Breuer, Josiane Fritz, Denise Ruppert, Agathe Zeimet, Fons Ruppert
um Piano: Arthur Henn
op d'Bühn bruecht vum Fons Ruppert