Peffermillchen

Wië mir sinn

mir stellen ons vir:

De Kabaret-Ensembel "Peffermill(ch)en" huet ugefaang ënnert der Leedung vum Tun Deutsch, Georges Pauly a Fons Ruppert ënnert dem Numm "Rido Gaasperech" an e bësse méi spéit "Rido Lëtzebuerg". Séng éischt Produktioune ware Boulevardtheater vu Robert Thomas, Ephraim Kishon, Jemp Schuster an aneren.

En huet vill uerchter d'Land gespillt, hat jidfer Joer eng Tournée vun 20-25 Optrëtter an ass och an der Äifel, am Saarland an am Areler Land a lëtzebuerger Sprooch opgetrueden. Nodeem de Rido Lëtzebuerg bei den "Internationalen Theatertagen in Rheinböllen" mat groussem Erfolleg mat Stécker vum Marcel Reuland opgetrueden as, Deeler vum Saarländische Rundfunk iwwerdroe goufen, ass en och op e grousst internationalt europäescht Theatertreffen op Wolfsburg invitéiert gin.

De Rido Lëtzebuerg war och bei grousse Produktiounen derbäi, wéi z. B. bei de Wëlzer Festspiller "Dem Grof Siegfried séng Goldkummer" an "Den Ubbu gët Kinnék".

Nodeem e groussen Deel vu sénge Spiller Coursen an Dictioun an Art Dramatique am Conservatoire zu Lëtzebuerg beluecht hun, huet de Rido Lëtzebuerg an der Funk Bricher Brauerei am Gronn ënnert der Regie vum Charles Mueller, deemools Professer op der "Staatlichen Hochschule für Darstellende Kunst" an an enger Textauswiel vum Fons Ruppert eng Produktioun mam Titel "Tanz auf dem Pulverfass - eine weihnachtliche Kriegsrevue" op d'Brieder bruecht an 1985 "Undeutscher Geist, verbrenne!" mat Texter a Lidder vun 1933 ënnert dem Nazi-Regime verbrannten Auteuren.

Mat dëser Produktioun huet de Rido Lëtzebuerg 1986 op dem "1. Internationalen Theaterfest vu St. Vith" den 1. Präis mat heem bruecht, an as och domadder an Däitschland opgetrueden.

Zanter Mëtt 80er Joren huet d'Peffermill(ch)en ëmmer méi Kabaret gespillt, huet 1992 bei der Nuit du Cabaret am Kapuzinertheater de Präis vum Publikum fir déi bescht gespillte Kabaretnummer kritt, a spillt zanter 1993 mat groussem Erfolleg hir Kabaretprogrammen, wéi "Fra bleift Fra", "vu Fra zu Mann", "elo och fir Männer", "VIPen, déi flippen" a "Mat Virspill" am Sall vum TOL an och op klenge Bühnen uerchter d'Land.

Am Joer 2000 huet d'Peffermill(ch)en op Ufro vun "ECCM - Network of European Cities of Culture and Cultural Months" d'Theaterstéck zum Thema Friemefeindlechkeet "Léiwer eng Käerz am Häerz wéi eng Bir op der Stir" vum Guy Rewenig am Kasemattentheater op d'Bühn bruecht.

2002 hat d’Peffermill(ch)e vill Erfolleg mat dem Kabaretsprogramm "gëlle Frau, wëlle Mann" a vun 2004-2008 hu mir an der Stad am ArtCafé am Haff vum Kapuzinertheater "gutt geet et ons", "dat Bescht kënnt eréischt", "Dir hutt d'Wiel" an "Téitschen am Blech" gespillt.

An der Nuit des Musées den 9. Oktober 2004 si mer op den „3 Eechelen“ mat engem extra fir déi Geleeënheet geschriwwene Programm „Nuecht! Musée.“ opgetrueden.

Zanter dem Hierscht 2010 fillt d'Peffermill(ch)en sech extra wuel op der Bühn vun der Brasserie Neimënster am Gronn bei der Abtei Neimënster mam neie Programm "Wou ass hei den Noutausgang?"

Nom literareschen a politesche Kabaret vun 2010 si mer 2012 weider op deem Wee gefuer mat “Stresstest Lëtzebuerg”.

Stresstest ass dat inoffizielt Onwuert vun dësem Jorzéngt.
No dem Stresstest vun de Banken an den Atomkraaftwierker ginn d’Kultur,
de Sport an d’Politik getest. Fir d’Stresstester gëtt dat e Stresstestfest!
Si testen elo, ob eis Kulturhaiser Äerdbiewesécher sinn. an ob eis Velosfuerer bei engem Orkan nach roueg am Suedel sëtze bleiwen.
Si testen, ob de Staat mat nach manner Suën der nach méi kann ausginn an ob um Krautmaart den Tsunami-Alarm fonctionnéiert.
Si testen awer och ob d’Regirung géif den Aschlag vun enger Boeing an d'Sennéngerschlass iwwerliewen. A wa jo, wéi grouss dann d'Iwwerlieweschance bei den eenzele Regirungsmemberen ass.
“Stresstest Lëtzebuerg” ass den offizielle Numm vun der Peffermill(ch)en hirem neie Kabaretprogramm an do gëtt getest, ob Äre Stress och stresstestfest ass.

an 2014 mat “Flunkerland”

Den Ament schreift d’Peffermill(ch)en un enger Publicatioun iwwert hiert Schaffen a Spillen an all deene vergaangene Joren.

Acteuren

Eis Actricen an Acteuren stellen sech vir:

Denise

Mat 20 Goût um Theater kritt an am Rido Gaasperech ugefaang, duerch d’Schaffe mam Tun Deutsch Blutt geleckt an an enger Rei Boulevardstécker matgespillt. No enger kuerzer privater Paus ënnert der Regie vum Fernand Fox, Ed Kohl all Joer erëm op der Bühn, hat och d’Chance zweemol op de Wëlzer Festspiller derbäi ze sinn: ‘Dem Grof Siegfried séng Goldkummer’ an ‘Den Ubbu gëtt Kinnek’.

No Art dramatique an däitscher Diktioun am Conservatoire zwou Produktioune mam Charles Muller vun der M.. vu Stuttgart: ‘Tanz auf dem Pulverfass oder eine weihnachtliche Kriegsrevue’ an ‘Undeutscher Geist, verbrenne!’ Texte und Lieder verbrannter Autoren. Am Joer 2000 “Léiwer eng Käerz am Häerz wéi eng Bir op der Stir” vum Guy Rewenig ënnert der Regie vum Charel Muller an aus Freed u satireschen Texter an um direkte Kontakt mam Publikum ëmmer erëm Kabaret mat der Peffermill(ch)en.

Zreck bei dei aaner Acteuren

Fons

De Fons huet séng Freed um Theater duerch den Tun Deutsch entdeckt. Hien hat sech am Rido Gaasperech engagéiert, well do Frënn vun him derbäi waren, an erliewt mat wivill Begeeschterung den Tun do op d’Bühn gesprong ass fir mat jonken Amateuren Theater ze spillen. Den Tun huet beim Rido Regie gefouert a sech agesat, wéi wann et drëm géng am “groussen Theater” ze spillen. De Fons wollt eigentlech net op déi Brieder klammen, mee virun an hannert der Bühn d’Fiedem zéien. Fir unzefänken huet hien d’Regieassistenz iwwerholl an dunn an Zesummenaarbecht mam Tun Regie gefouert bei Boulevardstécker wéi z. B. dem Kishon séngem “Familiebuch”.

Dem Tun säin onerwaarten Doud huet hien ëmgehäit, well den Tun war méi ewéi eng Hëllef am Amateurtheater an de Fons huet och emol an der Technik beim Tun an de Kasematten ausgehollef. Mee grad elo wou si zwee esouvill zesummegeschafft hate, wollt hie weiderschaffen. Dat huet en dunn och mam Fernand Fox gemaach, duerno beim Ed Kohl mat eragekuckt a selwer dunn och eleng inszenéiert. De Charel Muller erëmzegesinn a mat him ze schaffen, huet him neien Opdriff ginn an nei Perspektiven opgemaach. Fir ’ “Tanz auf dem Pulverfass” eine weihnachtliche Kriegsrevue’ an ’ “Undeutscher Geist, verbrenne!” Texte und Lieder verbrannter Autoren’ huet hien d’Textauswiel gemaach an hat duerno esou vill Freed un där Aart a Weis fir ze schaffen, datt e vun do u regelméisseg Kabaretprogrammer zesummegesat an op d’Bühn bruecht huet (wéi en et iwwregens och vum Tun kannt huet aus dem Café-Cabaret).

Am Ufank am Réiserbann, mee duerch den Erfolleg goufen déi Programmer och an anere Gemenge gespillt. Zanter 1993 spillt an inszenéiert hien elo mat der Peffermill(ch)en Kabaretprogrammer wéi “Fra bleiwt Fra”, “vu Fra zu Mann”, “elo och fir Männer”, “VIPen, déi flippen”, “mat Virspill, w.e.g.” an elo “gëlle Fra, wëlle Mann” am Bar vum TOL. Tëschenduerch erëm en Ofstiecher bei den Theater mam Charel Muller am Kasemattentheater an e wäertvollen Austausch och mam Auteur Guy Rewenig. Kabaretfreaken aus Däitschland soë vun him, hie wär dat “Lëtzebuerger Kabarett-Archiv”.

Zreck bei dei aaner Acteuren

Josiane

Wat den Theater ubelaangt, gin et 2 Nimm, déi fir mech wichteg sin: Fons Ruppert an Tun Deutsch.

De Fons ass mäi Brudder an e Kabaretsfanatiker. Den Tun Deutsch hun ech nach däerfe kenne léieren, an op der Bühn an der Theaterstiffchen erliewen.

De Schratt op d’Bühn hun ech awer eréischt durch de Fons gewot. Nodeem hie mech gefrot hat d’Regieasisstenz am Rido Gaasperech ze iwwerhuelen, hat et mech gepaakt.

Am Conservatoire hun ech mech dunn an Dictioun’s an Art Dramatique’s Coursë vum Charel Muller ageschriwwen. Ennert senger Regie stoung ech dann och fir d’éischt op der Bühn. An zwar an “Tanz auf dem Pulverfass”, duerno an “Undeutscher Geist, verbrenne!” Duerno gouf ech vum Marion Poppenburg gefrot am Kapuzinertheater matzespillen am Stéck “Laura und Lotte”.

Du koum vill Kabaret mat der Peffermill(ch)en: Fra bleift Fra, vu Fra zu Mann, elo och fir Männer, Vipen déi flippen, Mat Virspill w.e.g., gëlle Fra, wëlle Mann, ënnert der Regie vum Fons Ruppert an tëschenduerch awer ëmmer erëm Ausflig bei den Theater:

  • W.B., Regie: J.- Claude Tasch
  • Kleinmann, Regie: J.- Claude Tasch
  • Kale Kaffi, Regie: J.- Paul Maes
  • Fënstermates, Regie: Eva Paulin
  • Kitsch, Regie: J.-Paul Maes
  • E Stéck Vollek, Regie: Eva Paulin
  • Léiwer eng Käerz am Häerz wéi eng Bir op der Stir, Regie: Charles Muller
  • Lifting, Regie: Christiane Rausch

Zreck bei dei aaner Acteuren

Monique

Am Alter vu 14 Joer huet mech d’Theaterféiwer gepaakt, ech war benzeg fir eng Roll z’ergattere wann de Gesangveräin e Stéck sollt opféieren, an hu mat Freed an deenen Opféierungen alles gin.

Déi next wichteg Etapp a ménger Theaterkarriär waren déi „Péiténger Kapesëtzungen", wou pro Virstellung ongeféier 400 Leit am Sall souzen, an et gouf 5 mol gespillt. Vun do aus gong de Wee weider op déi méi grouss Brieder, an 1982 war fir mech Première mam Kasemattentheater an enger Inszenéierung vum Frank Hoffmann.

Zanterhir sin ech regelméisseg an däitschen, lëtzebuergeschen a franséische Produktiounen ze gesin, sief et beim Theater oder beim Film. Coursën an Art Dramatique hun ech net gemeet, sinn awer ganz gudd geleed gi vun Leit wéi Frank Hoffmann, Pol Kieffer, Eva Paulin, Marja-Leena Juncker, Claude Mangen asw. a konnt ganz vill vu Schauspillerkollegen a -kolleginne léieren.

An elo hun ech de Wee bei de Kabaret fonnt a si ganz houfrég e Pefferkär an dëser Millchen ze sinn …

Zreck bei dei aaner Acteuren

Paul

Paul Dahm - gebuer den 30. Dezember 1951 zu Käerjéng (Bascharage) - bestued a Papp vun 3 Kanner.

Vun 1974 bis 2009 Saxophonist an der Militärmusék

1978 Grënner vun der Big Band vun der Militärmusék

Vun 1987 u Chargé de cours zu Péiténg an der Muséksschoul (Saxophon, Jazz a Grënner vun der Big Band)

Vun 1993 u Grënner an Dirigent vun der Douane's Musek

Komponist an Arrangeur (2 mol d’Musék fir d’Freedefeier vum Nationalfeierdag geschriwwen)

Musikalesche Begleeder vu ville Kabaretsprogrammer

Zreck bei dei aaner Acteuren

Pit

Zu Lëtzebuerg gebuer an opgewuess huet de Pit am Alter vu 4 Joër mat der Batterie ugefaang.

Vun 1996 bis 2009 wor hien am Stater Conservatoire and huet do ë.a. mam Al Ginter, Paul Mootz, Guy Cabay an Anise Weiler Batterie, Percussioun a Piano am Jazz an och am Klassësche gemaach.

2010 ass de Pit op Amsterdam geplënnert fir Jazz Batterie ze studéieren.

Am Moment ass hien do amgaang de Bachelor ofzeschléissen a mat verschiddene Bands aus Holland a vu Lëtzebuerg ze spillen; ënnert anerem dem “Pit Dahm Trio”.

Zreck bei dei aaner Acteuren

Mataarbechter

Eis Mataarbechter stellen sech vir:

Claude

De Claude Lamberty ass de Mann am Hannergrond a geschwënn och am Ënnergrond. Hien ass mam Fons e grousse Kabaretsfreak a kennt sech wonnerbar am Kabaret och ronderëm Lëtzebuerg aus.

Hie steet ni op der Bühn, mee denkt vum Ufank vum Programmausschaffen u mat, liest, lauschtert, schreift, ënnerstëtzt, hannerfreet, verbessert, sträicht, huwwelt, raaspelt, feilt, grommelt, flucht bal ni, huet zu allem eng Meenong, je e wichtege Frënd a Mataarbechter vun der Peffermill(ch)en.

De Claude huet vun 1986 un zesummen iwwer 10 Joer mam Pol Rollinger Kabaretsemissiounen fir d‘éischt um RadAU Lëtzebuerg an duerno vun 1992 un um Radio ARA gemaach. Duerch de Pol huet hie Goût um Kabaret kritt a schreiwt och elo selwer Beitreeg zu onse Kabaretsprogrammer.

Zreck bei dei aaner Mataarbechter

Annick

Ech si souzesoe mat der Peffermillchen opgewues. Si gehéieren quasi zur Famill. Nierwt den Affichen fir hier Kabaretsprogrammer schaffen ech ganz vill mam Guy Rewenig zesummen an illustréieren séng Kannerbicher. Mee och Cd-Coverën, Kalenneren, Wäifläschen a Mousepaden si nët sëcher virun mengem Gemools.

  • Edgar der Rabe, Jean-Paul Endré 2002
  • Ballo Farfallo, Guy Rewenig 2003
  • Karogatto, Irma Krauß a Guy Rewenig 2004
  • Schallümmo, Guy Rewenig 2004
  • Dem Karin säin Haus ka fléien, Guy Rewenig 2004
  • Passt die Maus ins Schneckenhaus, Guy Rewenig 2005
  • Karambolasch!, Guy Rewenig 2006
  • Kalenner 2006: Typesch Lëtzebuergesch

Zreck bei dei aaner Mataarbechter

Fréier Mataarbechter

Mir haten och schonn d'Freed mat dëse Leit ze schaffen:

Artur

Beim Albert Leblanc, dem Organist vun der Kathedral an der Stad hunn ech Pianoscoursë geholl.

Ech hu 4 Joer am
Orchester Lex Bauer gespillt, engem Orchester, deen aus lëtzebuergesche Militärmuséker zesummegesat war.

Duerno war ech jorelaang beim Orchester José Schwirtz.

Ech hu Kënschtler begleet wéi den August Donnen, den Hary Hagen, de Léon Meyer, d'Mesy Faber, d'Colette an de Fernand, d'Micky an den Aly Bintz, de John Belli, d'Angèle Mirkes, de Marc Faber an de René Pütz, d'Pady Frères, de Fausti an, an, an…

7 Joer laang hunn ech och d'Artiste bei der Nationallotterie begleet. Zanter Jore spillen ech a Restaurantën zu Lëtzebuerg, an der Belsch, a Frankräich, an Däitschland.

Lo hunn ech mech e bësse verjéngt a si mat vill Freed bei der Peffermill(ch)en.

Zreck bei dei aaner Acteuren

Agathe

Wat Leit mat Talent schreiwen a spillen, huet mech schonn ëmmer ugesprach. Dofir gouf esou allerhand ausprobéiert: am Duerftheater hun ech jorelaang mat Erfolleg d’Freiesche gespillt, am Schoulmeeschteschkouer Sopran gesongen, am Kierchekouer mat F6 Alt gesongen, och alt doheem an an der Schoul ëmmer nees eng opgefouert, tëschenduerch gär emol selwer geschriwwen an hanne gereimt, e Kannertheater iwwer d’Bühn bruecht, an alt erëm Theater gespillt, mëttlerweil zeideg fir d’Mamm an d’eeler Joffer - also ëmmer fir en Optrëtt gutt.

An du koum et: spéit, mee net ze spéit, hunn ech duerch glécklech Ëmstänn de Cabaret entdeckt ( oder huet hie mech entdeckt?). Dat war et endlech, dat ass et, dat mécht Spass, a well mer kee Rido hunn, geet mer och esoubal nach kee Rido zou, hoffentlech…

Agathe

D'Agathe, ons gutt Frëndin, déi ons esou no stong, mat där mir eens waren an onse Gedanken an Iddien, an onsem Liewen an op der Bühn, lieft net méi.

Mir sinn doriwwer immens traureg an awer spille mir, a grad dofir spille mir weider. D'Agathe wollt ëmmer, datt et weidergéng, huet nach un dem neie Programm matgeschafft, e mat grousser Begeeschter

Séng Plaz op der Bühn ass elo eidel, mee fir ons ass hatt ëmmer present a mir wäerten hatt nach dachs zitéieren an och laachen iwwert immens Villes wat an onsen Erënnerunge weiderlieft.

Hatt huet ons all ëmmer begeeschtert mat deem wat et konnt a wousst, mat sénger Häerzlechkeet a Frëndschaft.

An onse Käpp héiere mir d'Agathe nach dachs sangen:

Da gab es Tage, gab es Zeiten, mit Schmerz,
mit Streit, mit Pleiten,
so wie das Leben spielt.
Ich hab‘ das alles überwunden,
den Bogen neu gefunden,
und nochmal frisch gezielt.

Die Alte singt ja immer noch!

Und sitz ich einst in Wolkenweiten
für ein paar Ewigkeiten
mit meiner Harfe rum,
und singe heimlich hin und wieder
die altbekannten Lieder
verschwiegnem Publikum  (Frank Golischewski)

Zreck bei dei aaner Acteuren

Balli

Musék mam Theater a Verbindung ze bréngen ass dem Balli séng Passioun! Hie komponéiert Hannergrondmusék fir Theaterstécker oder Ballet. Séng Musék wor niewt den Theateren zu Lëtzebuerg, zu Paräis, Berlin, Creil, Tréier, Saarbrécken…. ze héieren. Säi Musical fir Kanner “Minotorro”, ass Méint laang zu Poznan (Polen) vum Theater Wielki opgefouert gin. Hie mécht dat als Amateur an Zesummenaarbecht mat professionelle Leit aus dem Theatermilieu.

Am Moment schafft hien un enger CD déi eng Paräisser Chanson-Sängerin erausgëtt. De Balli huet säin eegene Studio, an deem hien direkt ophuele kann, wat him sou an de Kapp kënnt. Munche bekannte Kabaret-Song staamt aus sénger Fieder. Mam Lidd “De frustréierte Kabaretsmuseker” krut hien op der “Nuit du cabaret” den Tun Deutsch an de Putty Stein Präis.

CDen, Kassetten an Diske mat Musék vum Balli:

  • De klenge Prënz
  • De Billy geet op d’Rees
  • Hanno Hinkebein
  • De Bonny a séng Frënn
  • Ech an den Här (Kabarä Mady Dürrer a Jemp Schuster)
  • Lidder queesch derduerch (Josy Braun)

Zrèck bei dei aaner fréier Mataarbechter

Claude

1986 koum ech bei den Theater nodeems eng Frendin mer proposéiert hat mech am Conservatoire an den Dictiouns- an Art dramatiques Coursen anzeschreiwen.

Dat war beim Marc Olinger, dee sech dunn dräi Joer laang mat mir geplot huet, an ech krut och direkt eng Roll a sengem Kapuzinertheater. Dueno hun ech all Joer an 2-3 Produktiounen matgespillt, och an dräi Filmer an dat bis 1992.

Dertëschend hat ech och nach zwee Joer däitsch Dictioun beim Danièle Gaspart vun 1990-1992.

3 Joer Paus!

1995 ass et dunn erëm lassgaang am Kulturjoer an engem ganz laangen Stéck vum A. Atten ënnert der Regie vum Charles Müller. An do hunn ech se kenne geléiert, déi dräi vun der Peffermill(ch)en, d'Josiane, d'Denise an de Fons. Si wollte mech direkt engagéieren, mee ech war nach net esou wäit. Ech hun duerno an däitschen Produktioune matgemaach, bis de Fons mer dësen Oktober 2009 ugeruff huet a sot " mir brauchen dech dréngend! "

An hei sin ech!

Zreck bei dei aaner Acteuren

Tun

Onse “Musicologist”, den Tun, huet ons virun 1993 Joer beim Programm “Fra bleift Fra” fir d‘éischt begleet.

Deemools war onse Muséker kuerzfristeg duerch Krankheet ausgefall an den Tun hu mer duerch e glécklechen Zoufall kennegeléiert .Hien huet dunn an 10 Deeg Zäit all Partituren aus dem Programm nei geschriwwen a mat ons astudéiert. Eigentlech sollt en dunn dräimol mat ons spillen, mee dorauser goufen 63 Virstellungen. Hie war mat Begeeschterung och bei deenen zwee nächste Programmen derbäi, ier en du wéinst Iwwerlaaschtung opgehal huet.

Mee wéi zwee Programmen duerno erëm e Muséker ausgefall ass, war den Tun direkt erëm derbäi an huet déi Kéier an aacht Deeg de Programm, dee mir zwar konnten, mee hien net, mat ons astudéiert. Während der Produktioun “Léiwer eng Käerz am Häerz wéi eng Bir op der Stir” hat hien e schlëmmt Akzident, mee 6 Méint duerno stoung en erëm mat ons op der Bühn.

Bis 2007 huet hien 9 Kabaretprogramme mat ons gespillt an dertëscht och bei den Toxkäpp (Ska-punk).

Hien huet och Kanner-CDë produzéiert wéi Krababbel, Rivennah, Schwätz kee Blech.

Hien huet de 14. Mee 2007 d’Bühn fir ëmmer verlooss.

Mir hunn dech Tunni genannt

Du gongs duerch d‘Liewen, am Laache wéi duerch e Gaard,
deen a voller Bléi steet.
Du koums bei ons voll Energie,
Soos gläich: Dat wollt ech ëmmer scho mol man!
Zéng Deeg ons kannt - a mat ons opgetrueden,
an duerno ëmmer bei ons bliwwen.

Mir hunn dech Tunni genannt

Zesumme geprouft, vill gelaacht, och mol gekrasch,
treiste Fan an treie Frënd.
D‘Gléck ni waarde gelooss, d‘Liewe gelieft, erlieft,
vill Deeg mat ons ware fir dech ganz einfach schéin.

Mir hunn dech Tunni genannt

Waars du mol traureg, da war et wéi op enger Bün,
déi dem Acteur en anert Liewen opzwéngt,
hues ons däi Leed geklot, däi Liewe verzielt,
an du waars op där Liewesbün
e Meeschter, mam Publikum ronderëm.

Mir hunn dech Tunni genannt

Du waars sou al wéi s du an ech an dir zesummen,
du waars e Mann an awer nach e Kand.

Du héiers elo anerwäerts ons Lidder,
mir fillen, du bass guer net wäit vun hei.
Wat s du waars, sëtzt fir ons elo op enger Wollék,
wat s de bass, bleift frëndlech fir ëmmer hei.

Mir hunn dech Tunni genannt

Denise, Josiane, Agathe, Fons, Claude, Jos
„déng” Peffermill(ch)en

Zrèck bei dei aaner fréier Mataarbechter

Jos

De Jos souz schonn als klenge Bouf gäer ganz vir an der Rei, wann déi lokal Kéintzeger Klipp Theater gespillt hun.

Dofir ass hien dann och an e Club gaang fir vläicht kënne matzespillen. Mee hie war ëmmer grad an deem Club, dee grad déi Joren dann net gespillt huet.

1990 enges Owes hat hee sech am Escher Theater verlaf. Et gouff e Stéck opgefouert wat näischt mat deem gewinnte Klamauk ze din hat, mee et war e Stéck direkt aus dem Liewen gegraff. Den Entschloss war gefaasst; hien huet missen op d’Bühn an der Hoffnung och eemol an sou enger Opféierung kënne matzewierken.

Ugefaang huet hien du bei der Liewensfrou, wou en d’Kulisse schleefe konnt, a krut och nach direkt eng Statisteroll fir e Schëld op d’Bühn ze droen. D’Joer drop déi 1. Roll, mat fënnef Minutte ganz eleng op der Bühn am groussen Theater zu Esch. Dono koumen nach en etlech Theateropféierungen bei der Liewensfrou, de Monnerecher Bounesäck an de Kiemer Flauterten. Souguer d’Juppen (Kiircheveräin) hun en engagéiert, woubäi e beim „Vater unser“ an d’Tuddele koum. Mee glécklecherweis war kee Bieden op der Bühn verlaangt.

Eng flott mee ustrengend a stresseg Zäit hat heen och beim Stengeforter Festival an de Summerméint, wou hien niewt der Regieassistenz och nach véier Joer laang op der Bühn stung.

E ganz groussen Ament war, wéi hien enges Daags gefroot gouf, ob en net genee an deem Steck wéilt matspillen, wat heen 1990 sou markéiert hat.

Oktober 2003 … relax an enger Fotell … den Telefon rabbelt … eng Männerstëmm, de Fons Ruppert: Hei d’Peffermillchen, mir bréichten nach sou ee wéi dech! …

Du war et eriwwer mat der Rou … mat hirer Rou!

Zrèck bei dei aaner fréier Mataarbechter

Rossano

Rossano Mancino, onsen neie Muséker

Zrèck bei dei aaner fréier Mataarbechter